E bëssen danzen?: De Wiener Ball den 21. Mäerz am Cercle Cité
0
Den traditionelle Wiener Ball kënnt och dëst Joer erëm op Lëtzebuerg. Den 21. Mäerz ass déi 29. Editioun am Cercle Cité an der Stad. Am RTL-Feierowend um Radio huet d’Presidentin Marie-Rose Schwarz, déi zanter September un der Spëtzt vun der Organisatioun steet, de Programm vum Owend virgestallt.
