Futtball Bundesliga: Dortmund mat spéider Victoire géint St. Pauli, Hoffenheim spréngt virleefeg op Plaz 3
Dortmund hat bal eng 2:0-Féierung verspillt, konnt déi dräi Punkten awer duerch en Eelefmeter an der Nospillzäit nach retten. Hoffenheim huet sech donieft mat enger 1:0-Victoire géint Leverkusen virleefeg op déi 3. Plaz gesat.
