Pann un de Weiche bei Kautebaach: Ausfäll a Retarden op den Zuchlinne Stad-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy a Stad-Dikrech
0
D'CFL mellen e Freideg de Moien eng Pann un de Weichen op der Héicht vu Kautebaach. Dowéinst ass den Zuchtrafic op der Linn tëscht der Stad a Gouvy souwéi tëscht der Stad an Dikrech gestéiert.
