Eng Rei Permise goufen agezunn: Geeschterfuerer op der A6, Alkoholtest positiv
0
Am fréie Moie géint 07.43 Auer gouf op der A6 e Geeschterfuerer gemellt. Eng Policepatrull konnt d’Gefier tëscht der Opfaart Wandhaff an der belscher Grenz stoppen.
