ru24.pro
World News
Август
2024

Faktencheck: Falsch Titelsäit vun der Zeitung Libération iwwer Waasserqualitéit vun der Seine

0
RTL.lu 
D'Kompetitioune vum Triathlon goufe bei den Olympesche Spiller zu Paräis an der Seine ofgehalen; no Méint vun der Ongewëssheet iwwer d'Waasserqualitéit sinn dës elo gutt verlaf. An dësem Zesummenhang gouf eng gefälscht Titelsäit vun der franséischer Dageszeitung "Libération" mat Biller vun engem Triathleet verbreet. Op dëse Biller, déi aus dem Kontext gerappt goufen,gesäit een e Participant, dee sech no der Kompetitioun iwwergëtt, wat an de Sozialen Netzwierker zu der Behaaptung geféiert huet, dass "25 Athleete" wéinst der schlechter Waasserqualitéit medezinnesch behandelt hätte misse ginn. Et handelt sech awer ëm eng Manipulatioun, déi d'Codë vu fréieren Desinformatiounscampagnen am Zesummenhang mat der Organisatioun vun de Spiller opgräift. De kanadeschen Triathleet, deen op der Foto ze gesinn ass, huet uginn, sech wéinst senger grousser Ustrengung iwwerginn ze hunn an et hätt näischt mam Waasser an der Seine ze di gehat.