ru24.pro
World News in Luxembourgish
Декабрь
2025

Новости за 09.12.2025

Tëscheruff vum Roy Grotz: Tëscheruff vum Roy Grotz: Politmonitor: den Ufank vun der "Lutte finale"?

RTL.lu 

Et ass e kloren Verdikt, deen den ILRES-Politmonitor vun RTL a Wort zeechent: quasi all ofgefrot 41 Politiker leeën an der Gonscht vun de Wieler zou, ausser e puer dach intrigant rout Feiler, déi blessant no ënne weisen. An do deet natierlech de -3 vum Staatsminister Luc Frieden der ganzer Regierung wéi, wëll hien aus der Topp 10 erausrëtscht - also hannert säi Finanzminister an identesch an der Gonscht rangéiert, wéi den neien Minister Spautz. De Premier muss lo d'Äerm eropstrëppen a Muskele weisen, mengt de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.

Commentaire vum Monica Camposeo: Commentaire vum Monica Camposeo: Déi Jonk wëllen net schaffen an hänke just doruechter… Ma haalt dach endlech op domadder!

RTL.lu 

Déi Jonk wëllen net schaffen a si just nach um Handy an Online ënnerwee. Si sinn all faul a verwinnt. De Generatiounekonflikt gouf et schonn ëmmer. Ma e Perspektivewiessel kéint hëllefen, fir déi Jonk besser ze verstoen. Net just elo, kuerz virun de Feierdeeg, mee allgemeng misste mer all mol méi verstänneg matenee sinn, fënnt d’Monica Camposeo am Commentaire vun haut.